Iwwer mech

Mäin Numm ass Jessica, ech hunn 34 Joer an ech sinn säit 2011 agreéiert Dagesmamm. Méng kleng Famill an ech wunnen zu Diddeleng. Ech versuergen deng Kanner tëscht 3 Méint an 4 Joer an ech schaffen mat Chèque-Service.

Hei fënns du vill Informatiounen iwwer mäin Beruff an meng Aktivitéiten mat den Dageskanner. Ech wënschen Dir vill Spaass beim virwëtzen an bei weider Froen mell dech bei mir!

Bis geschwënn,  
Jessica