Eis flott Ausflich

Eis Aarbechter

Mat der Schëpp kann en den Nomëtten och gutt ob der Spillplaz verbréngen.

Am Sand spillen

Parc Le’h zu Diddeleng

Mir sinn den Wee gaangen wou mir vill entdecken kennen. War e ganz flotten Dag am Diddelenger Bësch.

Päiperleksgaart zu Grevenmacher

E super Nometten. Päiperleken kennen jo sou schéin sinn. Déi fléien iwwerall ronderëm an kréien vill ze iessen. Beien hunn mir och gesinn, an vill Fësch.

Käschten sammelen

Et ass Hierscht!

Am Hierscht ass et en Muss fir mat den Blieder ze spillen…

Um Feld!

Mir waren zu Diddeleng ob engem Feld an hunn eis do gutt ameséiert.

Escher Déierepark

Hei ginn mir oft Deieren fidderen an virun allem vill heemelen. 

Parc Merveilleux zu Betebuerg

Dat war e flotten Ausfluch den den ganzen Dag gedauert huet. Mega vill flott Saachen.

Bëschspiller

Dat war e Metten wou mir Spiller am Bësch ënnerholl hunn. Mat Steng Spillen, den Mooss vun den Steng huelen. Kloteren, trëppelen an klammen, entdecken, lafen an kucken. Lauter flott Saachen.

Gehaansbierg zu Diddeleng

Klammen, lafen, sprangen, kloteren, Aussiichtstuerm eropklammen, Spiller spillen…. Vill ënnerhuelen kann en um Gehannsbierg.