Wat sinn Virdeeler vun enger Dagesmamm?

  • E klengen Grupp vun maximal 5 Kanner. Dat ass vill méi einfach fir verschidden Charakteren vun Kanner an d’Grupp ze integréieren. Et ass net all Kand wat gär an eng Betreiung geet wou ganz vill Kanner sinn. Eng Dagesmamm ass meeschtens selwer Mamm an brengt dohier vill Erfarung mat.
  • Eng eenzeg Bezuchspersoun fir d’Kand an fir d’Elteren. Esou kennen Informatiounen iwwer d’Kand besser ausgetosch ginn, ewéi zum Beispill: wat huet Kand haut giess, wat hutt dir haut ënnerholl, wei huet Kand geschlof, huet et gekrasch…
  • Eng Dagesmamm kacht all Dag selwer an et steet all Dag eppes um Dësch wat Kanner secher iessen.
  • An der klenger Grupp sinn och vill méi Aktivitéiten an vertrauensvoller Gruppendynamik méiglech. 
  • Well mir en familiären Kader ubidden, ginn mir och emol zesummen d’Kanner bei d’Schoul sichen, mir maachen och alt emol eng Wäsch oder fueren bis an e Buttek oder an d’Apdikt eppes sichen sou wéi doheem och.
  • Et ass an engem klengem Grupp vill méi einfach ob extra Bedierfnisser vun engem Kand anzegoen. Wei zum Beispill: eng Moolzecht tëschenduerch, Schlofzäiten déi bëssi variéieren, Kanner déi méi ängschtlech oder unhänglech sinn, léieren ob den Potti oder Toilette ze goen…
  • Auerzäiten fir d’Kand sichen ze kommen, kennen och ausgemaach ginn. An enger Crèche ass meeschtens Dier zou em verschidden Auerzäiten.