Spillideen mat mengen Holzis

Unikater

Meng Holzis ginn mat ganz vill Léift per Hand gemoolt , dofir ass all Stéck en Unikat. All eenzelt Stéck geet mam Pinsel iwwermoolt, dofir sinn meng Saachen keng Maschinnenwuer an et gesäit en ëmmer erëm Detailer aus der Natur. Dat „net richtegt gemoolt“ ass keen Feeler mee meescht der Figur hiert eegent ausgesinn. Dat ass schéin an meescht Material nach méi wäertvoll an zu engem Unikat.

Heiansdo kann et och 1-2 Woch daueren bis Är Bestellung fäerdeg ass wat natierlech domat ze dinn huet dass all Stéck ugemoolt muss ginn an selbstverständlech Zäit brauch fir ze dréchenen. 

Meng Faarwen

Meng Holzis sprangen mat hiren grellen Faarwen den Kanner genau ewéi den Erwuessenen direkt an Aen. Déi Faarwlasuren déi ech benotzen loossen dem Holz Zoustand ewéi e sollt sinn. Et entsteet eng rau Iwwerfläch, wat genau esou sollt sinn wann et eng Holzspillsaach ass. Genau doduerch rutschen den Kanner Figuren beim opbauen net aus den Hänn oder rutschen net vuneneen erof. Meng Faarwlasuen bestinn aus Waasserbasis, sinn ongëfteg an spautfest. Selbstverständlech sinn se gepréift no der Europäescher Norm DIN EN71.

Wann mäin Holzi knaschteg ginn ass dann sollt en am beschten mat engem fiichten Duch ofgemaach ginn. Beim Dréchenen sollt en Holz net ob Heizung leen well duecht Hetzt kann e Rass entstoen. Et sollt en se bei Zëmmertemperatur dréchenen loossen. W.e.g ob keen Fall mat Desinfektiounsmëttel, waarmem Waasser oder sos eppes propper räifen. Stecker sollen net an Waasser getaucht ginn.

Froen an Entwerten

Méiglechkeet vun Faarf ofgoen bei neien Artikelen:

All meng Saachen ginn vun Hand gemoolt. Ech benotzen keng staark mee dofir gesondheetlech onbedenklech an offiziell no EN71 zertifiéiert Faarwen. Doduerch kann et méiglech sinn dass bei verschiddenen Artikelen iwwerflësseg Faarfpartikel ofginn, an dem Fall soll en am beschten mat engem einfachen Fuselfreien fiichten Schwamm doriwwer fueren. Net ze fest schruppen oder reiwen. Meng Faarwen sinn spautfest getest an gepréift ginn. Allgemeng geet den Test mat Spaut gemaach den am meeschten optrëtt. Leider kann net all Spaut getest ginn sou dass et am ongënschtegen Fall méiglech wär dass Faarf ofgoen kann.

Bei villem spillen oder widdereneen stoussen kann et virkommen dass Faarf ofgeet, dofir sollt en och vermeiden mat enger fester Biischt oder eppes wat kraazt iwwer Figuren ze fueren.

Ass et gesondheetlech onbedenklech dass mäin Kand di Spillsaachen an den Mond heelt?

Meng Faarwen goufen getest no der Norm fir Spillsaachensecherheet DIN EN71 an sinn dofir gesondheetlech onbedenklech fir Bebeen, Kleng Kanner oder Erwuessener. Souguer wann en intensiven Spaut hätt an Faarf ofgoen géing, ass Faarf nach ëmmer absolut  ongëfteg an keng Gefor.