Froen iwwer mäin Beruff

Wéi vill Kanner versuergen ech?
Ech versuergen 5 Kanner déi simultan bei mir Doheem sinn plus meng eegen Kanner.

Benotzen ech den Chèque-Service?
Jo, als agreéiert Dagesmamm schaffen ech mam Chèque-Sevice. Weider Informatiounen fënns du op dësem Link.

Wéi eng Deeg vun der Woch schaffen ech?
Ech schaffen vun Méindes bis Freides. Et ginn awer Dagesmammen déien och Weekends, Feierdeeg an Nuets schaffen.

Wéi een Alter vun Kanner betreien ech?
Ech betreien Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer.

Ginn ech als Dagesmamm kontrolléiert?
Jo, ech ginn iwwer den Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an ARCUS géreéiert an et kommen agents régionaux vum Service Nationale de la Jeunesse kontrolléieren.

Wat mussen d’Elteren fir d’Kanner bei mech matbrengen?
Ech hun adaptéiert Autossëtzer, Poussette, Duebelpoussette, Iessstull, Schlofbetter an Decken. Wats du matbrenge solls: der Saison ugepassten Kleeder, Schong an Pampersen. Suckel an Petzi hänkt vun den Gewunnechten vum Kand of.

Machen ech och Ausflich mat de Kanner?
Jo, ech ginn reegelméisseg mat de Kanner op verschidden Spillplazen, Bëscher, Beetebuerger Parc, Päiperleksgaart an op vill aner spannend Plazen. Ech hunn dofir en flotten groussen 7-Setzer Auto mat adaptéierten Kannersëtzer.