Meng Holzis

Den Kanner hir Fantasie gëtt beim Spillen mat den Holzis ugereegt an virun allem et ginn keng Grenzen an Reegelen. An och beim Alter gin et keng Grenzen vun ganz kleng bis een net méi well domat spillen.

Zum Beispill hunn meng Holzis keen Gesiicht an d´Kand entscheet selwer op den Holzi frou ass, laacht oder rosen ass. Genau sou kann den Holzi en Kand sinn oder en Erwuessenen wei Boma, Pappa oder einfach eng Persoun sinn. Et gëtt den Kanner keng Grenzen gesat an hirer Fantasie. Flott sinn och déi divers Accessoiren wei Beem, Champignon, etc

Anengems gëtt och Aen-Hand-Koordinatioun gefuerdert grad sou gutt wei Feinmotorik, Koordinatioun. Faarwe oder Zuelen léieren kann iwwer d’Holzis ganz flott an Spaasseg sinn.

All meng selwergemoolten Holzis an Holzaccessoires sinn aus onbehandeltem natierlechem Holz an d´Faarwen sinn Waasser- an Spautfest.

Fotoen mat den Holzis vun eisen Dageskanner fannt dir hei.